De Sido ass zeréck mat neier Musek - d'nächst Joer am Summer bréngt Den Atelier hien dann och zeréck bei eis op Lëtzebuerg!

Nom Festival-Summer konzentréiert de Sido sech endlech och erëm op nei Songs. E Freiden huet den däitsche Rapper seng nei Single "Versager" erausbruecht, déi hie mam Producer-Team Beatgees realiséiert huet. Mat Zeilen ewéi "Andere Papas ham' was auf dem Kasten gehabt / Meiner hat nicht mal Zeit zum Basteln gehabt" kritiséiert hie Pappen, déi net fir hir Kanner do waren oder sinn.

Fir alleguer d'Sido-Fans ginn et da weider gutt Noriichten: Den 9. Dezember released hie säin neien Album "PAUL"! Mam neie Longplayer a senger "PAUL - LIVE MIT DIR" Tour ass de Sido 2023 och erëm op Besuch hei zu Lëtzebuerg!

Concert? Sido: Paul - Live Mit Dir 2023
Datum?
29. Oktober 2023
Wou?
Rockhal

Ticketen ginn et vun dësem Donneschden (29. September 2022) um 10:00 Auer un am offizielle Virverkaf!