"It's great to be back", an dat fir eng 6. Kéier!

Am Interview virum Concert hate Biffy Clyro eis jo verroden, dass se esou laang plangen op Lëtzebuerg spillen ze komme wéi se hei erwënscht sinn. Ëmmerhin hätte mer e gudde Museksgoût a wären e coole Public. Ma no dem Concert dëse Sonndeg an der Rockhal beweise mer wuel, dass d'Fanbase vun der schottescher Band nach ëmmer do ass, och wann de Concert ee vu ville war, deen deemools wéinst der Pandemie verréckelt gouf.

An och d'Museker hate Bock: "It's good to be back", war ee vu wéinege Sätz, dee wärend dem Concert gefall ass. Eng Floskel, déi vill Bands benotzen, ma Biffy Clyro keeft een et of. Villäicht ass dobäi net esou wichteg wou se optrieden, ob se domat elo mengen et wär gutt fir eng 6. Kéier zu Lëtzebuerg ze sinn oder einfach nëmmen egal wou, Haaptsaach zréck op der Bün. Esou gär een d'Band um Radio oder op Streaming Plattformen héiert, live liwweren déi 3 nach emol ganz anescht of. Méi passionéiert, ma virun allem méi haart!

Trotz kommerziellem Erfolleg an och mol méi rouege Momenter um Concert an deenen de Simon (Leadsänger) eleng mat senger Gittar op der Bün stoung, bleift Biffy Clyro eng Rockband a weist dat vun Ufank bis zum Schluss. Ok, mat engem Ufank bei deem eng schif Versioun vun "Also sprach Zarathustra" vum Strauss duerch d'Boxe géif ertéinen hat wuel kee gerechent, ma och dat passt (éischtens bei de schotteschen Humor) an zweetens bei de Fakt, dass am Laf vum Optrëtt ëmmer nees klassesch Elementer opdauchen. Vill Lidder ginn nieft den Instrumenter, déi ee bei Biffy Clyro Lidder erwaart vu Geie begleet.

Och nei: De Simon (Sänger) huet dës Kéier ganzer 4 Lidder gebraucht bis e säi Reemantel ausgedoen huet, soss kënnt en och gäre mol direkt mat plakegem Uewerkierper op d'Bün. Kuerz drop huet och den James (Bassist) säi Paltong ausgedoen. De Ben war do méi konsequent an huet sech direkt ouni T-Shirt u seng drums gesat. Bei deem wat do den Owend u Schweess gefloss ass, nëmme verständlech. Wärend d'Leit virun der Bün gespronge sinn, war dat näischt am Verglach zu deem, wa den Trio ofgeliwwert huet. Wat nach opfält: ëmmer nees bréngt de Simon seng Stëmm un d'Grenz vum Jäizen an insgesamt si vill Lidder nach en Tick méi rockeg wéi een et villäicht vum Radio gewinnt ass.

Heiansdo hat een d'Gefill et kéint een hinnen och grad genee esou gutt beim Prouwen nokucken an iergendengem Keller, wären do net honnerte vu Fans ronderëm een an eng professionell Light-Show, déi ee blent. Déi 3 waren op alle Fall an hirer Welt wéi se iwwert d'Bün gerockt sinn an hunn hir Musek, léiwer wéi hir Wierder fir sech schwätze gelooss.

Lauschtert iech hei d'Meenunge vun de Leit um Concert un:

Fir Leit déi Luucht-empfindlech sinn, déi gäre vill Anekdote vu Museker wärend dem Concert héieren an et net gären ze haart hunn, fir déi ass e Biffy Clyro Optrëtt definitiv näischt. Deenen anere schéngt et gefall ze hunn, an der Rockhal waren op alle Fall spéitstens bei "Bubbles" alleguer d'Hänn an der Luucht an déi meescht Gesiichter hunn no der 2h-Show zimmlech glécklech de Sall verlooss.

Mir gi 4 vu 5 Stären a freeën eis op déi nächste Kéier.

PS: Bis dohi léiere mer dann alleguer wéi een op de Song Re-arrange klappt.