
Dermot Kennedy / © Eldoradio
Den Atelier an A-Promotions bréngen den Ir 2023 endlech zeréck bei eis op Lëtzebuerg!
Haut huet den Dermot Kennedy säin neie Song "Innocence and Sadness" released. Et ass e weidere Virgeschmaach op den neien Album "Sonder", deen de 4. November erauskënnt. Dëse Longplayer huet den iresche Singer/Songwriter an deene leschten Deeg a Wochen scho wärend e puer exklusiven Optrëtter op europäesche Stroossen presentéiert. Donieft huet den Dermot och eng ganz intim Tournée a Groussbritannien gespillt.
Dem Dermot Kennedy seng nei Songs awer och alleguer seng grouss Hits ewéi "Power Over Me", "Outnumbered" oder "Giants", kënne mir d'nächst Joer och live hei zu Lëtzebuerg erliewen. No sengen Optrëtter um Rockhal Floor (2018) a Sonic Visions (2019), kënnt hien am Mäerz 2023 an d'Luxexpo The Box!
Kënschtler: Dermot Kennedy
Datum: 28. Mäerz 2023
Venue: Luxexpo The Box
D'Ticketen gi freides de 14. Oktober 2022 um 10:00 Auer an de Virverkaf!
