Den Ex-One-Direction-Member Louis Tomlinson kënnt mat senger "Faith in the Future 2023 Tour" op Lëtzebuerg!

Zesumme mam Niall Horan, Liam Payne an Harry Styles konnt de Singer/Songwriter tëschent 2010 an 2015 zu enger vun de best-selling Boy-Bands vun allen Zäiten avancéieren. Zu hire groussen Hits zielen "Best Song Ever", "Story of My Life" a "What Makes You Beautiful". Solo konnt de Louis Tomlinson wuel nach net un deen enorme Succès uknäppen, trotzdeem hat hie schonn eng Partie gréisser Erfolleger feieren. Dozou zielen d'Tracks "Back to You (feat. Bebe Rexha & Digital Farm Animals)", "Miss You" an "Always You".

Mat "Bigger Than Me" an "Out of the System" huet den Tomlinson eis dann elo en éischte Virgeschmaach op säin neien a véierte Studio-Album "Faith in the Future" ginn. Dëse soll den 11. November erauskommen an am Ganze 14 Lidder enthalen.

"Faith in the Future" wäert de Museker d'nächst Joer och live bei eis zu Lëtzebuerg presentéieren!

Act: Louis Tomlinson - Faith in the Future 2023 Tour
Datum: 11. Oktober 2023
Venue: Rockhal - Main Hall
Ticketen: Virverkaf vum 21. Oktober 2022 um 10:00 Auer un op atelier.lu

RTL