No sengen Optrëtter am groussen Theater (2017) an zu Péiteng an der CARena (2020) kënnt den däitsche Museker 2023 zeréck bei eis op Lëtzebuerg!

Mat Lidder ewéi "Wenn Worte meine Sprache wären", "Nur noch kurz die Welt retten", "Keine Maschine" oder "Hoch" ass den Tim Bendzko grouss erauskomm. Elo huet de Berliner säin neien a fënnefte Studio-Album "APRIL" ugekënnegt, deen den 31. Mäerz 2023 erauskënnt. Mat "KEIN PROBLEM", "DAS LEBEN WIEDER LEBEN" an "WER RETTET DIE WELT FÜR MICH" sinn déi éischt dräi Single-Auskopplungen aus deem neie Wierk schonn dobaussen, am Ganzen solle spéider da 15 Tracks um Album mat drop sinn. Déi nächst Single "ALLEINE IN PARIS" ass fir de 4. November virgesinn.

RTL

Tim Bendzko @ CARena Péiteng (2020) / © Eldoradio

Mat sengem neien Album geet den Tim Bendzko natierlech och op grouss "APRIL Clubtour". No de sechs Concerten am Abrëll (Köln, Frankfurt, Stuttgart, Leipzig, Hamburg a Berlin), huet de Museker elo aacht weider Concerten fir Oktober 2023 ugekënnegt. Nieft München, Heidelberg, St. Vith oder Bremen kënnt hien dann och zeréck op Lëtzebuerg, dës Kéier an den Atelier.

Act: Tim Bendzko - APRIL Clubtour
Venue: Den Atelier
Datum: 13. Oktober 2023
Ticketen: Virverkaf vum 27. Oktober um 10:00 Auer un um Site vum Atelier