Mam Luciano kënnt d'nächst Joer ee vun den aktuell ugesotsen Däitschrap-Acts op Lëtzebuerg an d'Rockhal!

Schonn 2021 war de Luciano deen erfollegräichsten däitsch-sproochege Kënschtler. Am Abrëll vun dësem Joer huet de Luciano dunn "Beautiful Girl" erausbruecht. D'Single konnt sech fir 6 Wochen hannerteneen op der Plaz 1 an den däitschen Charts halen, donieft stoung d'Single fir iwwer véier Méint an den Top 10. Domat ass et ee vun den erfollegräichste Songs vum Summer 2022. Enn September huet de Rapper säi 6. Studio-Album "Majestic" released. Nieft Kollaboratioune mat RAF Camora oder Paula Hartmann, sinn och e puer international Features (Sophie Hunger, Central Cee) mat drop. Virun allem de Song "Bamba (feat. Aitch & BIA)" geet aktuell richteg viral a positionéiert de Luciano och iwwert d'Grenzen vun Däitschland eraus.

Wéinst dem enormen Erfolleg op senger "Majestic-Tour", huet den däitsche Rapper elo e puer Zousaz-Concerten am Mäerz 2023 annoncéiert. Nieft Mannheim, Nürnberg oder Leipzip ass dorënner ass och Lëtzebuerg!

Act: Luciano - Majestic Tour 2023
Venue: Rockhal Main Hall
Datum: 12. Mäerz 2023
Ticketen: vun elo un am Virverkaf um Site vun der Rockhal