Net ëmmer am Takt mee et geet defintiv virun!

"Pioneers o Pioneers", e Gedicht aus dem Joer 1865 vum Walt Whitman ass de Startschoss vum Rise Against-Concert de 07.11.2022 um 21h15 an der Rockhal. Den Optrëtt direkt politesch ugehaucht starten, fir Rise Against, eng Band, déi bekannt ass de Fanger gären an d'politesch Wonn vun der Welt a virun allem hirem Heemechtsland ze leeën, keen aussergewéinlechen Akt. Ma esou politesch ee sech der Band hiren Optrëtt virstellt, esou wéineg gëtt u sech iwwert d'Welt an hir Probleemer an deem Owend philosophéiert. Firwat och, dovu kritt ee jo genuch an de Songs mat an déi loosse se dann och fir sech schwätzen.

"What a perfect night for a punk rock show", mat Sätz wéi dëse weist d'Band ëmmer erëm tëscht de Lidder, dass se Bock drop hunn op der Bün ze stoen. Ëmmer nees betoune se, dass se frou wären erëm zréck zu Lëtzebuerg ze sinn, dass se Concerte wéi dëse ganz besonnesch wärtschätze well hei déi richteg Fans opdauchen a se d'Live-Optrëtter an Zäite vun der Pandemie vermësst hunn, "the world's been a crazy place, keeping us from you. And keeping you from us". Am Endeffekt fält op, dass et zwar just den Tim McIlrath (de Leadsänger) ass, dee sech un d'Fans riicht an eigentlech och keng grouss Monologer hält, ma och dass tëscht all eenzelem Song kuerz eppes gesot gëtt, ongewéinlech fir esou Rockbands an et léisst se iergendwéi nach méi wéi eng Schoulband wierken.

Wéi een eng Band wéi Rise Against als "Schoulband" kann ofstempelen? Eigentlech guer net, dofir si se ze grouss, ze gutt, ze bekannt. Ma et ass guer net negativ gemengt. Am Géigendeel: Et huet een d'Gefill grad an engem Rock-Club ze sinn oder an engem Keller, an där grad déi Band aus der Schoul optrëtt, déi jidderee sou cool fënnt. Dat heescht net, dass se verluer wierken op der Bün, et beweist einfach, dass se hirem Stil, hire Wäerter an och hirem Sound trei bliwwe sinn. Dee sech, dat muss ee wann een d'Band scho puer mol kucke war, leider betounen, villäicht verbessert mee net perfektionéiert huet. Wie weess, villäicht ass dat och Deel vum Charme, mat deem Rise Against de Publikum matrappt.

E gudde Mix aus neien an ale Songs, genee esou wéi Ofwiesslung duerch méi rockeg a méi soft tracks, suergt dofir, dass mat gejaut respektiv matgesonge gëtt. Vir gëtt gepogt, et fléie Becheren a Kleedungsstécker duerch de Sall an natierlech ginn och ëmmer nees d'Fäischt an d'Luucht gehuewen, déi weisen, dass Rise Against-Fans bleiwen. Net esou wéi de Sänger am Takt.

Wéi huet d'Eldoland de Concert fonnt?

No der éischter, an och leschter, Zugabe denkt ee sech "dat ass awer séier ëmgaangen". Engersäits well een d'Zäit tatsächlech tëscht Satellite, Nowhere Generation an Hero of War vergiess huet, anerersäits awer och well de Concert no enger Stonn an 20 Minutten relativ séier eriwwer war.