Vun Nervositéit, déi zur Virfreed gouf bis liewensgeféierlech Instrumenter...

De Mëttwoch Owend (16.11.2022) trëtt Bastille am Atelier op an dat mierkt ee schonn um kuerz viru 17h00. Do stinn déi éischt Fans nämlech scho virun der Dier ze waarden an dat obwuel et éischtens reent, an zweetens d'Diere réicht 2 Stonne méi spéit opgoe sollen. Firwat d'Band begeeschtert ass kloer: 1. hir Musek, déi zanter Joren evolvéiert an trotzdeem ëmmer nees iwwerzeegt an 2. d'Bandmembere selwer, déi einfach nëmme sympatesch sinn.

Am Backstage ukomm, kréie se gesot se solle sech op déi eng Säit vun der Couche sëtzen, ech (Catherine) sollt op déi aner goen. Dat ass de Jungs awer egal, si maache sech et nieft mir bequem an offréiere mir fir d'éischt emol eng Fläsch Waasser an Oliven, déi ee vun hinne grad aus der Packung snackt. Et fillt sech manner wéi en Interview a méi wéi e labbert Gespréich bei Kollegen doheem.

Wat ass den aktuelle Liblingssong fir ze performen?

Ob se no sou ville Concerten nach nervös géife ginn, dorops gëtt et eng 50/50 äntwert. Bei verschiddene vun hinne wär dat mol ganz schlëmm gewiescht, esou beim Leadsänger Dan Smith, ma mëttlerweil hätt ee sech dru gewinnt, deels hätt et sech souguer a Virfreed gewandelt. Anescht wéi bei aneren Interviewen an deenen ee séier eng Fro no där anerer ofhakt, gëtt hei fir d'éischt emol nogefrot wéi et da bei mir wär. Ob ech nach opgereegt wär bei Sendung oder Interviewen, wéi gesot et fillt sech u wéi e Gespréich ënner Kollegen. Immens musikalesche Kolleege well vun elo u gëtt iwwer Snythesizer, sound effects an Inspiratioune philosophéiert.

Firwat gouf esou vill mat Sound Effekter um aktuellen Album geschafft?

Beim neien Album wollte se op den Aspekt vu sci-fi an der Technik, déi eis beaflosst, agoen an dat net just duerch d'Lyrics mee och de Sound. Dowéinst hätte se souguer Instrumenter benotzt, déi fréier mol liewensgeféierlech waren. "I didn't know that", kënnt et vum Will, dee ganz geschockt op de Kyle kuckt, deen d'Geschicht zielt. Ongefiltert, esou kéint een d'äntwerte beschreiwen, dat weist sech och bei der Fro wéi eng hir Liblingssongs si fir op der Bün ze performen. Do heescht et vum Bassist e géif aktuell "Revolutions" feiere well et e Song ass deen en net just gäre lauschtert mee och gäre spillt, bei deenen anere géif e sech nämlech dacks langweile well seng Parts net esou usprochsvoll wieren.

Wat war d'Inspiratioun hannert "Give me the Future"?

D'Band-Membere sinn aus dem Schwätzen net rauskomm, kee Wonner, dass no e puer Froe schonn de Manager hannendru stoung fir ze weisen, dass den Interview muss op en Enn kommen. Schued well esou hätte mer nach Stonne kënne viru maachen. Keng Zäit: d'Fans bausse wëllen ëmmerhin eran a Bastille op d'Bün!

Kuckt hei de ganzen Interview

E speziellen "AHU"-Sound gouf et trotzdeem nach, extra fir d'Eldoland, wa fir d'nächst "Back to the Future" leeft.