
© Eldoradio
E Mëttwoch den Owend konnt ee sech nees op e grandiose Sold-Out Concert freeën.
An zwar huet d'brittesch Band Bastille, déi dru gewinnt ass zu Lëtzebuerg ze spillen, fir eng richteg gäil Stëmmung gesuergt. D'Band ronderëm de Sänger Dan Smith hat am Ufank vum Joer hiren neien Album "Give Me The Future" erausbruecht dee se dann de Moment op Tour virstellen. Dat wollt awer definitiv net heeschen dass déi klassesch Hits vu Bastille gefeelt hätten. Schonn zimmlech am Ufank konnt ee bei "Things We Lost in the Fire" matsange mee och bei Lidder wéi "Laura Palmer" oder "Flaws".
Den Dan Smith huet sech och entschëllegt wéinst senger Stëmm, déi e bëssi ugeschloe war well hien de Schnapp hat: anscheinend typesch wann hien eng Tour ufänkt. Mee ganz éierlech kënnen déi meeschte Leit nëmmen dovunner dreemen esou gutt ze sangen wéi hien dat e Mëttwoch gemaach huet. Et ass also bal ni opgefall dass hie verschnappt war. Hie krut awer engersäits Hëllef vum Publikum mee och vun enger Background-Sängerin mat enger impressionanter Stëmm.
Natierlech ass och gutt ukomm dass de Frontmann e puer Wierder Lëtzebuergesch geléiert hat: Et ass gutt hei ze sinn. Pardon, mäi Lëtzebuergesch ass schäiss, waren dem Dan Smith seng Wierder. Wärend dem Concert huet hien och Wéi geet et? geruff.
E groussen Highlight war et wéi den Dan Smith wärend dem Lidd "Happier" duerch de Publikum gaangen ass a wierklech de ganzen Tour vum Concertssall gemaach huet fir dann och bei déi Leit ze goen, déi ganz hanne stoungen a manner gutt gesinn hunn. De Concert war nämlech Sold-Out an den Atelier deementspriechend richteg voll.
En Hightlight fir d'Eldo-Redaktioun war definitiv de méi neie Song "Back To The Future": do konnten déi eng oder déi aner "AHUU" matgrölen.
Hiren éischte groussen Hit "Pompeii" gouf et virun der Zugab an huet natierlech fir vill Stëmmung gesuergt. Als lescht Lidd gouf et dann "Shut Off The Lights": hei gouf de Publikum nach emol encouragéiert haart matzesangen an d'Virband The Native stoung zesumme mat Bastille op der Bün.
Alles an allem war et richteg flotte Concert vun enger sympathescher Band, déi bestëmmt esou dacks hei zu Lëtzebuerg wëllkomm ass, wéi se sech et wënscht.
Wat huet de Publikum da vum Concert gehalen?
Mir haten och ganz kuerz mat der Virband The Native geschwat, déi nawell och gutt beim Publikum ukomm war: