
Den däitsche Sänger wäert nächst Joer am Mee säin éischte Concert hei zu Lëtzebuerg spillen.
Mat sengem aktuellen Hit "I Believe" an "Better Days" steet den däitsche Pop-Sänger Kamrad am Joer 2023 déi éischte Kéier och hei zu Lëtzebuerg op der Bün.
Den 5. Mee 2023 wäert hien am Kader vu senger "I Believe" Tounée am Centre Culturel "opderschmelz" zu Diddeleng seng Fans begeeschteren.
D'Tickets kann een sech dann och lo schonn HEI besuergen wann een dëse Concert net well verpassen.
