De weltbekannten DJ wäert am Joer 2023 dann och mol rëm eng Kéier hei zu Lëtzebuerg optrieden.

De Steve Aoki a seng legendär Optrëtter dierfte Fans vun EDM-Musek definitiv ee Begrëff sinn. Säit sengem éischten Album "Wonderland" am Joer 2012 ass de Steve Aoki net méi ze bremsen a steet säit Joren op deene ganz grousse Büne ronderëm d'Welt.

Dobäi huet hie schonn des Ëfteren och als Headliner bei Festivallen wéi dem Tomorrowland, EDC Las Vegas oder Ultra Miami gespillt. Een Highlight vun all Optrëtt ass natierlech dann och wann hien e Kuch an d'Leit schmäisst.

Elo bréngt den Atelier de Steve Aoki  dann och op Lëtzebuerg!

Rendezvous ass de 17. Mee 2023 an der Rockhal.

De Virverkaf fir de Concert geet dann e Mëttwoch den 23.11.2022 moies ëm 10 Auer lass.

De Virdeel ass, dass deen Dag duerno ee Feierdag ass. Et gëtt also kee Grond dëse Concert ze verpassen.

RTL