
De brittesche Singer a Songwriter kennt am Abrëll 2023 live op Lëtzebuerg an den Atelier.
De brittesche Singer a Songwriter Calum Scott ass am Joer 2015 duerch säin Optrëtt bei der Fernseesendung "Britain's Got Talent" bekannt ginn.
2015 ass dunn och seng éischt Single "Yours" op de Marché komm an hie konnt sech och international een Numm maachen.
Mat sengem éischten Album "Only Human" am Joer 2018 huet hien definitiv säin Duerchbroch gepackt gehat a spéitstens am Joer 2021 gouf hien zesumme mam DJ Lost Frequencies an der Single "Where Are You Now" weltbekannt.
Lo kennt de brittesche Museker dann och op Lëtzebuerg a wäert den 8. Abrëll 2023 live am Atelier optrieden.
De Virverkaf fir dëse Concert geet de 24. November moies ëm 10 Auer lass.
