Wéi den Atelier matgedeelt huet, wäert den däitsche Sänger am Mäerz 2024 an der Rockhal optrieden.

De Nico Santos huet am Mee 2022 virun engem ausverkafen Atelier seng Fans scho konnte begeeschteren. Elo huet den Atelier dann ugekënnegt, dass den däitsche Museker am Joer 2024 wäert am Kader vu senger "Ride Live Tour" och ee Stopp hei am Land wäert maachen.

Rendezvous ass den 1. Mäerz 2024 an der Rockhal wou hien dann och all seng Hits wéi "Rooftop", Safe" oder "Oh Hello" wäert presentéieren.

D'Tickets kann een sech dann ab dem 2. Dezember moies ëm 10.00h op atelier.lu sécheren.