
De brittesche Singer a Songwriter wäert am Kader vu senger "Summer 2023" Tournée och hei zu Lëtzebuerg spillen.
Mat sengem aktuellen Album "Gold Rush Kid" konnt de brittesche Singer a Songwriter George Ezra déi komplett Musekswelt begeeschteren.
Wéi den Atelier matdeelt, wäert den George Ezra am Joer 2023 och hei zu Lëtzebuerg am Kader vu senger "Summer 2023 Tour" ee Stopp wäert maachen.
De Concert wäert den 26. Juni 2023 an der Neimënster stattfannen.
Tickets kann een sech ab dem 1. Dezember moies ëm 10.00h op atelier.lu kafen.
Hei kenn der eisen Albumcheck vum George Ezra liesen
