Déi brittesch Rockband wäert am Joer 2023 virun der Luxexpo ee groussen Open Air Concert spillen.

2002 an England gegrënnt ginn an 2006 direkt mat dem éischten Album "Whatever People Say I Am, That's What I'm Not" den Duerchbroch gepackt gehat.

Den 21. Oktober 2022 ass den Arctic Monkeys hiren neisten a 7ten Studioalbum "The Car" op de Marché komm deen och direkt bis ganz no uewen an d'Charts geklomme war.

Elo huet d'Band dann och e puer Concerten an Europa ugekënnegt, bei deenen si ënnert anerem hei zu Lëtzebuerg ee Stopp wäerte maachen.

Rendezvous ass de 4. Juli 2023 wou si Open Air virun der Luxexpo wäerten optrieden.

D'Tickets wäerten de 7. Dezember 2022 ëm 12.00 op atelier.lu an de Verkaaf goen.