
© POOL / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Den US-amerikanesche Museker wäert nächst Joer op ee Concert hei am Land spillen.
Warscheinlech gëtt et am Moment keen anere Museker dee sou mat sengem Optrieden a mat senge Concerte polariséiert. Den amerikanesche Sänger a Museker Machine Gun Kelly ass duerch säi ganz eegene Museksstil, bei dem hien Hip-Hop a Rock vermëscht an deene leschte Joren immens bekannt ginn.
Mat sengem aktuellen Album "Mainstream Sellout" wäert hie lo och am Joer 2023 ee Concert hei am Land spillen.
Wéi den Atelier matdeelt wäert de Machine Gun Kelly den 13. Juni 2023 wäert an der Rockhal optrieden.
De Virverkaf wäert de 14. Dezember moies ëm 10.00 Auer op atelier.lu ugoen.

© den Atelier