
© Robbie Williams / Patrik STOLLARZ / AFP
Den Atelier huet um Méinden wärend enger Pressekonferenz eng Rei nei Concerten annoncéiert.
Ënnert anerem wäerten no dem Succès vun Fanta 4 a Seeed och 2023 Open Air Concerten virun der Luxexpo The Box sinn.
4 Concerten goufen um Méinden annoncéiert:
03.07 Lizzo
04.07 Arctic Monkeys
07.07 Paul Kalkbrenner
11.07 Robbie Williams
Ënnert anerem wäert och den Siren's Call nees 2023 stattfannen. Hei wärten den 24. Juni Phoenix optrieden.
Den Projet "Pond Eclectic" huet een wéinst Problemer missen falen lossen.
Um 10 Auer koum och nach d'Annonce dass Machine Gun Kelly den 13. Juni 2023 an d'Rockhal kënnt.
En Dënschden de Moien um 10 Auer start den offizielle Virverkaf online op atelier.lu
E Méindeg den Owend gëtt et dann en exklusive Presale virum Atelier. Hei kann e physesch Ticketen kafen. Och gëtt et Glühwäin an engem Pop-Up Store.