
Robbie Williams / © AFP/Archiv/Alexander NEMENOV
Am Kader vun de Luxexpo-Open-Air-Shows kënnt de Robbie Williams den 11. Juli 2023 bei eis op Lëtzebuerg!
Dat hat den Atelier ufanks der Woch op enger Pressekonferenz annoncéiert. Éischt Fans konnten sech e Méinden den Owend am "Pop-Up Store" am Atelier Ticketen sécheren. Den offizielle Virverkaf hat en Dënschden um 10:00 Auer ugefaangen. Gutt zwee Deeg duerno ass dem Robbie Williams säi Concert elo scho komplett ausverkaaft! Den 11. Juli 2023 wäerten deemno iwwer 16.000 Fans virun der Luxexpo mat dobäi sinn!
Um weidere Line-Up vum Luxexpo Open Air stinn d'Lizzo, d'Arctic Monkeys an de Paul Kalkbrenner. Séchert iech hei är Ticketen!