
Nodeems den éischte Concert lo scho Sold-Out ass, ass e weideren Datum ugekënnegt ginn.
Den 20 November hat den Atelier ugekënnegt, dass de brittesche Singer a Songwriter Calum Scott nächst Joer am Abrëll hei zu Lëtzebuerg wäert optrieden.
Knapp 3 Wochen no der Annonce huet den Atelier da lo ugekënnegt, dass de Concert Sold Out ass.
D'Organisateuren hunn et awer fäerdeg bruecht een zweete Concert ze organiséieren an dat de 7. Abrëll 2023!
Calum Scott
7. Abrëll 2023
@ Den Atelier
Tickets fir dëse Concert kann een dann och scho lo op atelier.lu kafen.