
© Patrik STOLLARZ / AFP
Nodeems den éischte Concert no knapp 3 Deeg komplett ausverkaaft war, huet den Atelier lo ee weidere Concert vum brittesche Sänger annoncéiert.
De Robbie Williams gehéiert säit Joerzéngten zu deene gréissten Entertainer a Sänger an der Museksbranche. Virun e puer Wochen hat den Atelier annoncéiert, dass de brittesche Superstar am Kader vun de Concerte bei der Luxexpo och hei zu Lëtzebuerg géif optrieden. Dës Nouvelle war bei de Fans esou gutt ukomm, dass de Concert mat 16.000 Leit no knapp 3 Deeg komplett ausverkaaft war.
Elo huet den Atelier dann ugekënnegt, dass de Robbie Williams am Kader vu senger "XXV EU Tour" ee weidere Concert bei der Luxexpo wäert spillen an zwar den 10. Juli 2023.
D'Tickets fir dëse Concert ginn den 1. Februar moies em 10 Auer op atelier.lu an d'Vente.
