
© Eventim
Den däitsche Rapper Bausa wäert elo den 12. Oktober 2023 am Atelier optrieden.
Eigentlech sollt den däitsche Rapper Bausa den 11. Mee am Atelier optrieden. Elo huet de Museker zesumme mat sengem Management awer ugekënnegt, dass de Concert leider an den Hierscht 2023 muss verréckelt ginn. Hei wäert hien dann och säin neien Album "100 Pro" virstellen.
Den neien Datum ass den 12. Oktober 2023.
All d'Tickets déi bis elo kaaft gi sinn, wäerten och gülteg bleiwen an och d'Venue an d'Zäite bleiwen.
Bei weidere Froe kann een eng E-Mail op info@atelier.lu maachen.