No dem groussen Erfolleg am leschte Joer wäert de Festival USINA och 2023 rëm zu Diddeleng stattfannen.

Nodeems d'Pandemie et  am Summer 2022 rëm erlaabt hat Festivallen a Concerten ze organiséieren, hat den Atelier an Zesummenaarbecht mam Centre Culturel "opderschmmelz", der Staat Diddeleng an dem Gudde Wëllen deen neie Festival USINA organiséiert.

Vue dass dësen ee groussen Erfolleg war, wäert och dëst Joer rëm ee Festival USINA23 um Site "opderschmelz" stattfannen.

Rendezvous fir den USINA23 ass den 3. a 4 Juni 2023

Dëst Joer wäerten als Headliner de Peter Fox an Interpol mat dobäi sinn.

Weider Gruppe sinn dann nach De Läb zesumme mam NicoolLime Garden, Gretel Hänlyn, Blond, Mayberg an Listentojules.

Weider Bands ginn dann och nach an Zukunft annoncéiert.

D'Tickets sinn elo online op usina.lu.

RTL

© den Atelier