Déi zwee däitsch Museker Clueso an Adel Tawil kommen am Kader vum EchterLive Festival am Juli op Lëtzebuerg.

Den Adel Tawil kënnt Donneschdes den 20. Juli 2023 an d'Abtei zu Iechternach. Am Fréijoer verëffentlecht den däitsche Museker säi véierte Studioalbum "Spiegelbild" - ee ganz perséinlechen Album mat déiwe Gefiller. Zu senge gréissten Hits gehéieren ënner anerem "Stark", "So soll es bleiben" a "Lieder". Den Ticket kann ee fir 55 Euro um Site vun Luxembourg Ticket kafen: www.luxembourg-ticket.lu.

De Clueso kënnt Sonndes den 23. Juli 2023 an d'Abtei zu Iechternach. 2021 hat den däitsche Sänger säin 9. Album mam Titel "Album" verëffentlecht. Seng lescht acht Albe goufen mat Gold oder Platin ausgezeechnet a goufen iwwert eng Millioune Mol verkaaf. Den Ticket kann ee fir 65 Euro um Site vun Luxembourg Ticket kafen: www.luxembourg-ticket.lu.