"Wir sind die Beatsteaks aus Berlin" wäert et de 14. Juni rëm am Atelier heeschen.

Déi Berliner Alternative-Rockband Beatsteaks si säit 1995 fest an der Rock-Zeen verankert a gehéiert zesumme mat Bands wéi Die Toten Hosen oder Die Ärzte zu deenen erfollegräichsten däitsche Punk-Bands.

Déi leschte Kéier stoungen d'Jonge vu Berlin am Joer 2014 hei zu Lëtzebuerg op der Bün. Awer och op de grousse Festivallen an Däitschland sinn hir Concerten all Kéiers ee richtegen Highlight.

Elo 8 Joer méi spéit wäerten d'Beatsteaks de 14. Juni 2023 rëm am Atelier op Besuch sinn an do d'Bün komplett ofrappen.

D'Tickets fir dëse Concert ginn e Méindeg de 27. Februar moies ëm 10 Auer op atelier.lu an de Verkaaf.

RTL