Den australesche Singer a Songwriter wäert am Juli zu Iechternach optrieden.

Den australesche Sänger Dean Lewis war schonn déi eng oder aner Kéier mat senger impressionanter Stëmm hei am Land op Besuch. Nom Release vu sengem aktuellen Album "The Hardest Love" wäert de Museker eng weider Kéier hei bei eis optrieden. Rendezvous ass den 22. Juli 2023 um Echterlive Festival zu Iechternach am Haff vun der Abtei.

Bei dësem Concert kann een dann zesumme mam Dean Lewis a senger Stëmm a Gittar Hits wéi "How Do I Say Goodbye", "Be Alright" oder "Hurtless" feieren.

Tickets kann een sech dann och lo schonn HEI sécheren.