Den däitsche Rapper wäert eng weider Kéier hei zu Lëtzebuerg op Besuch sinn - dës Kéier Open Air.

Den däitsche Rapper Marteria huet et mat sengem Song "Lila Wolken" am Joer 2012 op déi ganz grouss Büne gepackt. Déi éischte Kéier a Lëtzebuerg stoung de Museker dann am Joer 2013 um Food For Your Senses Festival op der Bün.

Kuerz drop war de Marteria dann och ee vun deene bekanntsten däitsche Rapper ginn a Lidds wéi "OMG!" oder "Kids (2 Finger an den Kopf)" goufe riseg Hits.

No sengen zwee Optrëtter am Joer 2018 am Atelier wäert den däitsche Museker lo zeréck op Lëtzebuerg kommen.

Rendez-vous ass den 10. September zu Diddeleng ënnert dem Waassertuerm, wou de Marteria dann Open Air wäert optrieden. Hei wäert een dann och seng ganz aktuell Single "Wald" a vill weider grouss Hits ze héiere kréien.

D'Tickets kann een sech dann ab e Méindeg den 13. Mäerz moies ëm 10 Auer op atelier.lu kafen.

RTL

© atelier.lu