
© Eldoradio
Den US-Amerikanesche Rapper kënnt de 16. August an d'Rockhal!
Den US-Amerikanesche Rapper Macklemore huet 2011 zesumme mat sengem Musekspartner Ryan Lewis den internationalen Duerchbroch gepackt. No gemeinsamen Hits wéi "Thrift Shop" a "Can't Hold Us" huet de Macklemore seng Solo-Karriär gestart a stoung och schonn e puer Mol zu Lëtzebuerg op der Bün.
Elo kënnt de Rapper da mat sengem neien an 3te Studio-Album "Ben" zeréck. De 16. August wäert de Macklemore an der Rockhal optrieden.
D'Tickets kënnt der iech dësen Donneschdeg, 30.03, vu moies 10:00 Auer un hei sécheren.
