Déi brittesch Sängerin wäert am Oktober eng ganz intim Club-Show hei am Land spillen.

Déi 36 Joer al brittesch Sängerin Ellie Goulding huet am Abrëll lo endlech säi laang erwaarten Album "Higher Than Heaven" erausbruecht gehat.

Elo huet den Atelier dann och ugekënnegt, dass d'Ellie Goulding fir ee Club-Concert zeréck op Lëtzebuerg kënnt. Hei wäert hat ee ganz intime Concert am Atelier spillen.

Rendezvous ass den 28. Oktober 2023 am Atelier.

Fir all déi Leit déi do wëllen dobäi sinn, déi kennen sech hiren Ticket ab e Freideg den 21. Abrëll moies ëm 10.00h op atelier.lu kafen.