E Mëttwoch den Owend hunn Die Toten Hosen e Concert hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal annoncéiert!

Déi däitsch Punk-Rock-Band spillt dëst Joer am Ganze sechs Festivals hei an Europa. Mat dobäi sinn zum Beispill de Rock am Ring an de Rock im Park. Elo huet d'Formatioun ronderëm de Campino e puer Warm-Up-Concerten als Virbereedung op d'Festival-Saison ugekënnegt. Nieft Bréissel an Amsterdam wäerten Die Toten Hosen och bei eis zu Lëtzebuerg spillen!

Datum: 31. Mee 2023
Venue: Rockhal 
Ticketen: vun elo un an der Vente