
© atelier.lu
Déi kalifornesch Rock-Band kënnt de 5. November mat hirem neien Album zeréck op Lëtzebuerg.
Déi 1996 gegrënnten amerikanesch Rock-Band Queens Of The Stone Age war schonn déi eng oder aner Kéier hei zu Lëtzebuerg op Besuch ënnert anerem um Rock a Field 2007 an 2013. Hei konnten si d'Fans ëmmer rëm begeeschteren an elo huet den Atelier ugekënnegt, dass si de 5. November 2023 zeréck op Besuch kommen.
Datum: 5. November 2023
Venue: Rockhal
Ticketen: 16.06 ëm 10.00h um Site vum Atelier
Dëse Freideg wäert d'Band dann och hiren neien Album "In Times New Roman" op de Marché bréngen.
D'Tickets fir dëse Concert wäerten de 16. Juni moies ëm 10.00 op atelier.lu an d'Vente goen.

© atelier.lu