
© Eldoradio
Am Kader vun de Luxexpo-Open-Air-Shows ass de Robbie Williams den 10.& 11. Juli zu Lëtzebuerg!
Um Méindeg Owend war et endlech esou wäit. De Robbie Williams, dee säit Joerzéngten zu deene gréissten Entertainer a Sänger an der Museksbranche gehéiert stoung déi éischte Kéier a sengem Liewen hei zu Lëtzebuerg op de Bün.
Ënnert de Leit war eng geloosse Stëmmung an d’Virfreed op de Concert war jidderengem unzegesinn. D’Leit stoungen deelweis schon prett an de Gruppen, hu gelaacht a sech ameséiert. D’Stëmmung war am Virfeld scho super.
Geplangt waren 2 Virbanden: Dream Catcher a Gaz Coombes. Sou konnte Fans scho mol gutt op de Robbie Williams angestemmt ginn. Um 21h00 war et endlech esou wäit. De Concert vum Robbie Williams ass mat engem gelongene Intro lass gaangen. 2 grouss Ecranen hunn dofir gesuergt datt och jiddereen alles matverfollege konnt. Vun de éischter Minutt un huet de Sänger seng Fans matgerappt.
Am Kader vun dem Robbie senger ‘‘XXV‘‘ Tour wollt de Sänger seng 25 Joer als Solo Kënschtler feieren. Deemno huet hien wärend sengem Concert ënnert anerem seng gréissten Hits presentéiert. Vun ,,Let me entertain you’’, iwwert ,,Love My Life’’, ,,Candy’’, ,,Feel’’ an ,,Rock DJ’’ war alles mat dobäi. Als Zugab huet ,,Angels‘‘ natierlech net dierfte feelen.
Alles an allem war et e richteg flotten an och emotionale Concert. De Robbie Williams hutt seng Fans mat enger gudder Setlist an enger flotter Show iwwerzeegt.
5/5 Eldostären!
Hoffentlech ass et net déi lescht Kéier, dass mer de Robbie Williams hei zu Lëtzebuerg gesinn hunn.
Séchert iech hei nach mat Chance ären Ticket fir den zweete Concert!
https://www.eldo.lu/events/fotoen/10695.html