
De B.I wäert am Kader vu senger alleréischter Europa-Tour och ee Concert hei am Atelier spillen.
K-Pop huet scho laang an der Museksbranche ee groussen Deel ageholl a mat Bands wéi BTS, Blackpink oder Twice ass dës Museksrichtung och an Europa ukomm a grouss ginn.
Een Deel vun dëser K-Pop Beweegung ass dann och de K-Pop a Rapper B.I. dee scho säit dem Joer 2013 am Gaang ass Musek ze maachen. Säit 2015 war hien och an der Band "IKON" mat dobäi, bei der hien de Lead-Sänger war. An der Zäit war hien dann och net als Solo-Kënschtler ënnerwee.
Säit dem Joer 2021 ass de B.I awer nees eleng ënnerwee an huet mat "Waterfall" an "To Die For" och schonn zwee Studioalben erausbruecht.
Mat sengem aktuellen Album "To Die For" wäert de B.I. dann och den 21. September am Kader vu senger "Love Or Die" Tour seng éischt eege Concerten zu Lëtzebuerg am Atelier spillen.
D'Tickets kritt een den 21. Juli moies ëm 10.00 op atelier.lu
