Den amerikanesche Museker Oliver Tree wäert am November an der Rockhal optrieden.

Wien den Oliver Tree net kënnt, dee soll sech am beschten mol eng Kéier een Interview vun him ulauschteren. De Museker ass neemlech ee wierklech witzege Mënsch an hellt sech selwer och wierklech net esou ganz serieux. An engem Interview hat hien eng Kéier gesot dass hien als Bouf bei Zirkusakrobaten opgewuess wier. Ob dat elo stëmmt steet awer an de Stäeren.

Mat sengen Hits wéi "Here We Go Again" zesumme mam David Guetta, "Sunshine" oder och "Life Goes On" ass hien op der ganzer Welt bekannt ginn.

Elo kennt den Oliver Tree dann och fir ee Concert op Lëtzebuerg op Besuch. Den Atelier huet matgedeelt, dass den amerikanesche Musek den 2. November an der Rockhal wäert optrieden.

D'Tickets ginn den 21. Juli 2023 moies ëm 10.00 op atelier.lu an d'Vente.