E Mëttwoch stoung den US-Rapper Macklemore op der Bün vun der Rockhal. An et war onméiglech bei all deenen Hits net ze danzen. 

Am Ufank, wann een op de Concert geet, denkt een sech op eemol: "oh nee kennen ech wierklech genuch Macklemore-Songs? Deen neien Album hunn ech net wierklech gelauschtert..." A spéitstens nom 2. Lidd weess een: et ass vollkommen egal! Well iergendwéi huet ee quasi all Lidd kannt! A wann e Song engem net sou bekannt virkomm ass, huet een einfach mat gedanzt.

De Rapper huet nämlech all seng grouss Hits presentéiert. Just e perséinleche Favourite huet fir mech gefeelt, dat coolt Lidd "Downtown". Soss war all Hit, fir deen de Macklemore bekannt ass, natierlech dobäi. Dozou gehéieren "And We Danced", "Dance Off", "These Days", "Glorious", "Good Old Days". De Grand Finale gouf et natierlech mam risegen Hit "Can't Hold Us".

Mat e ganz bëssi Verspéidung huet de Concert ugefaange mam Song "Chant" zesumme mam Tones and I, dat een um Schierm hannert dem Macklemore gesinn huet. Direkt dat 2. Lidd huet d'Rockhal zum Kache bruecht: "Thrift Shop".

De Rapper hat eng grouss Band an Dänzer mat dobäi a war richteg gutt gelaunt. Ganz "creepy" huet hien e Plakat am Publikum fonnt, op deem hien als Beebee gefotoshopped gouf.

Och huet de Macklemore, oder mam richtegen Numm "Ben" (esou heescht och säin Album), e klengt Meedchen am Publikum gesinn, dat huet hien u säin eegent Meedchen erënnert, dat hien natierlech op Tour vermësst.

Säi méi neie Song "No Bad Days" ass och richteg gutt ukomm. An hien huet an der ganz waarmer Rockhal decidéiert mam Waasserwerfer op d'Leit ze schéissen.

Allgemeng huet de Rapper ganz vill mam Publikum geschwat a virun allem d'Leit encouragéiert genee esou ze si wéi se wëllen. De Message gouf virun allem mam Lidd "Same Love" ënnerstrach, dat d'LGBTIQ+ Community ënnerstëtzt.

Hien huet och déi 50 Joer Hip-Hop mat sengem Song "Heroes" gefeiert.

E coole Moment war och wéi de Rapper 2 Persounen op d'Bün geruff huet fir en Dance-Off. Zwou Fraen hu géintenee gedanzt an de Publikum huet se vollkommen ënnerstëtzt!

An trotzdeem hat een d'Gefill dass de Concert e bëssi kuerz war. Mee de Macklemore schéngt seng Zäit op der Bün genoss ze hunn, genee esou wéi d'Leit am Publikum.

4/5 Stären