Den James Blunt huet säin neien Album "Who We Used To Be" ugekënnegt, elo dann och déi passend Tournée!

Als éischt Single-Auskopplung vum neie Longplayer hat de Britt virun e puer Wochen de Feelgood-Track "Beside You" erausbruecht. "Et ass e positiven Hit. Et geet drëms, endlech mat där Persoun zesummen ze sinn, no där ee säi Liewe laang gesicht huet", kommentéiert den James. "Who We Used To Be" gëtt säi 7. Album a wäert de 27. Oktober op de Marché kommen.

Am Februar, Mäerz an Abrëll 2024 wäert den James Blunt säin neien Album queesch duerch Europa och live spillen. Nieft Concerten zu Bréissel, Amsterdam, Köln oder London, kënnt de Singer/Songwriter och zeréck bei eis op Lëtzebuerg!

"I cannot find the words to say how excited I am to get back out on the road again on tour in 2024", kommentéiert de Blunt d'Annonce. "My new album was incredibly fun to write and record, and some of the new songs will undoubtedly get you up on your feet and dancing again. I'm looking forward to crowd surfing at a venue near you!"

James Blunt - Who We Used To Be Tour
Datum: 25. Februar 2024
Venue: Rockhal
Ticketen: vum 1. September 2023 um 10:00 Auer un am Virverkaf 

RTL