
Den amerikanesche Rapper Lil Tjay kënnt am November op Lëtzebuerg an d'Rockhal!
De 14. Juli huet de Museker aus der Bronx säin aktuellen Album "222" erausbruecht. Dësen ass entstanen, nodeems hien d'lescht Joer eng dramatesch Schéisserei iwwerlieft huet. Um Longplayer setzt hien sech nei Standarden wat Storytelling ugeet a beweist op en Neits seng Hiphop-Skills. Op "222" sinn ausserdeem héichkaräteg Feature-Gäscht ewéi Polo G, NBA Youngboy, Summer Walker oder The Kid Laroi ze fannen.
Mat sengem aktuellen Album geet de Lil Tjay vum 21. September un op grouss "Beat The Odds Tour". Hie spillt Concerte queesch duerch Nordamerika, Australien, Neiséiland an Europa. Dorënner ass och een Optrëtt hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal!
Lil Tjay - Beat The Odds Tour
Datum: 12. November 2023
Venue: Rockhal
Ticketen:vum 8. September um 10:00 Auer un am Virverkaf
Support: Dina Ayada (opener) & Joony (direct support)
