
© Eldoradio
De brittesche Singer/Songwriter kënnt d'nächst Joer am Februar zeréck op Lëtzebuerg an den Atelier!
Grouss erauskomm ass den James Arthur am Joer 2012 als Gewënner vun der 9. Staffel vun der Castingshow The X Factor. Mat sengem Hit "Impossible" huet hien d'Plaz 1 an de UK-Singles-Charts an 20 weider international Top-10-Platzéierungen erreecht. Duerno koume grouss Erfolleger mat "You're Nobody 'Til Somebody Loves You" oder "You Deserve Better". No sengem 2021er-Album "It'll All Make Sense In The End" bréngt den James Arthur de 26. Januar 2024 den Nofollger "Bitter Sweet Love" eraus.
E puer Méint virum Album-Release huet den James Arthur elo seng Bitter Sweet Love World Tour annoncéiert! Um Programm stinn ënnert anerem 8 grouss Arena-Shows a Groussbritannien, ënnert anerem an der Londoner Wembley OVO Arena. Donieft mécht de Museker Statioun zu Köln, Mailand, Paräis, Stockholm an och bei eis zu Lëtzebuerg am Atelier - no 2017 ass et säin zweete Concert am Eldoland!
James Arthur - Bitter Sweet Love World Tour
Venue: den Atelier
Datum: 7. Februar 2024
Ticketen: vum 22. September 2023 um 10:00 Auer un am Virverkaf