
Jo, dir hutt richteg gelies: Den Jason Derulo kënnt d'nächst Joer am Februar bei eis op Lëtzebuerg an d'Rockhal!
Mat "Whatcha Say" huet den amerikanesche Kënschtler 2010 den internationalen Duerchbroch realiséiert. Mëttlerweil huet hien iwwer 15 Platin-Auszeechnungen, bal 20 Milliarde Streams an iwwer 250 Millioune verkaafte Singles. Zu de groussen Erfolleger zielen Tracks ewéi "Wiggle", "Talk Dirty", "In My Head", "Swalla", "Savage Love" oder "Take You Dancing". Mat senger Musek huet den Jason Derulo sech och e reegelrecht Social-Media-Imperium geschaf. Iwwert déi verschidde Plattforme verdeelt huet hie ronn 120 Millioune Follower*innen. Eleng op TikTok huet hien aktuell 58,2 Millioune Follower*innen an 1,2 Milliarde Likes.
Aktuell schafft den TikTok-King u sengem laang erwaarte 5. Studio-Album. Et gëtt deen éischte grousse Release fir Atlantic Records. Mat "Saturday/Sunday", "Glad U Came", "Slow Low" oder "Body Count" war den Jason Derulo an deene leschte Méint zimmlech aktiv. Ob déi Lidder awer um neien Album drop wäerte sinn, ass net gewosst. Elo huet de Museker seng Nu King Tour annoncéiert, mat där hien och bei eis op Lëtzebuerg kënnt!
Jason Derulo - Nu King Tour
Venue: Rockhal
Datum: 29. Februar 2024
Ticketen: vum 22. September 2023 um 10:00 Auer un am Virverkaf