
No sengem Optrëtt an der Rockhal d'lescht Joer am Dezember kënnt de Kontra K zeréck op Lëtzebuerg!
De Kontra K gehéiert zu deenen erfollegräichsten a beléiftsten däitsche Rapper. Mëttlerweil ass hie schonn 11 Joer an der Musekszeen aktiv an huet an där Zäit effektiv och 11 Alben erausbruecht. 9 dovunner hunn et an d'Top 10 vun den däitschen Albumcharts gepackt, 7 Mol hannerteneen stoung hien och ganz uewen op der Eent. Och säin aktuellen Album "Für den Himmel durch die Hölle" hat et un d'Spëtzt vun den Charts gepackt.
Mat senger "Der Sonne entgegen"-Tour am Joer 2022 huet de Kontra K e weideren absolutten Highlight geliwwert. Mat senger onwarscheinlecher Büne-Präsenz a sengen energiegeluedene Performances huet hien d'Masse begeeschtert - ënnert anerem jo och hei zu Lëtzebuerg! Nodeems hien elo seng nei Single "Der letzte Tag" verëffentlecht huet, gouf elo och eng nei Tournée fir d'Joer 2024 annoncéiert!
Datum: 26. Februar 2024
Venue: Rockhal
Ticketen: vun elo un am Virverkaf um Site vum Atelier
