En neien Album an eng ganz nei Ära hat d’Dua Lipa grouss ugekënnegt. Elo gëtt et méi konkret. Den Album huet endlech en Numm an d'Tour-Datumer sti fest!

Schonn op senger neister Single „Don’t Start Now” héiert een en anere Sound, wéi nach am Dua Lipa senge Wierker virdrun. Dass dat nëmmen deen éischte Schrëtt war, ass kloer.

Ufank Oktober hat d’Sängerin en neien Album mat neiem Stil ugekënnegt. Dee wäert „Future Nostalgia“ heeschen. Musikalesch soll d’Dua Lipa sech dobäi u Kënschtlerinne wéi dem Gwen Stefani an dem Madonna inspiréiert hunn.

Och seng Tour-Datumer huet hat matgedeelt. Hat kënnt ënner anerem de 4. Mee 2020 op Paräis, den Dag drop spillt d’Dua Lipa zu Köln.