“Take the Crown Stadium Tour 2013”

De Robbie Williams geet d’nächst Joer rëm op grouss Open Air Tournée. Mat sengem neien Album „Take the Crown“ tourt de Superstar queesch duerch Europa – lass geet et am Juni mat 5 Concerten an England. Duerno stinn Däitschland, Holland, Éisträich, Belsch, Dänkemark, Schweden, Schwäiz  an Italien um Programm. Di nooste Concerte fir lëtzebuerger Robbie-Fans sinn den 10.Juli zu Gelsenkirchen an den 3.August zu Bréissel. De Virverkaf vun den Tickete wäert nächste Weekend ufänken.