Beléifste Sängerin am Prisong

D’Rihanna ass lo zur beléifste Sängerin um britesche Prisongsradio gewielt ginn. Plaz 1 geet un de verstuerwene Rapper Tupac Shakur. Ronn 84.000 Veruerteelter hunn un der Ofstëmmung vum „National Prison Radio“ deelgeholl. An der Top 20 fanne mir Heavy-Metal Bands a Rapper wéi Metallica, Slipknot, Pink Floyd, den Eminem an de Lil Wayne. D’Rihanna schéngt et wuel iergendwéi mat de béise Jongen ze hunn…