Gleeft ee rezente Meldungen iwwert den verstuerwenen DJ Avicii, da kéinten nei Lidder vum verstuerwenen DJ nach jorelaang d’Charts stiermen.

Iwwer 200 onverëffentlecht Lidder vum Avicii sollen nach am Tirang vum Produzent Carl Falk leien. Dorënner och eng Kollaboratioun mam Coldplay-Sänger Chris Martin. Des Nouvelle huet de Carl Falk perséinlech an engem mëttlerweil nees geläschte Post op Instagram annoncéiert.

Den Titel mam Chris Martin heescht “Heaven” a soll geschwënn op de Maart kommen.

De Carl Falk huet och ugedeit, dass geschwënn ee ganzen Album posthum eraus kënnt.