Justin Bieber an Ed Sheeran hunn net just eng gemeinsam Single eraus bruecht, mee domat och en neie Rekord opgestallt.

E Freideg hunn di 2 Museker zesummen den Titel „I don’t care“ eraus bruecht. Bannent engem Dag konnt d’Single een neie Weltrekord opstellen. Dat heescht, a 24 Stonnen huet d’Single 16,24 Millioune Streams notéiert - di meescht Streams, déi jee an den éischte 24 Stonnen registréiert goufen. Virdrun hat iwwregens d’Ariana Grande dëse Rekord gehalen, wat  mat senger Single „7 Rings“  den 18. Januar op 14,96 Millioune Streams koum.