Jonas Brothers gi bei den Teen Choice Awards mat engem Éierepräis ausgezeechent.

Den Trio gëtt fir seng Entwécklung iwwert di lescht 10 Joer mam „Decade Awards“ ausgezeechent. Eng Entwécklung déi no 5 Joer Paus dëst Joer zu enger Reunion mam neien Album “Happiness Begins” geféiert huet. Den Album ass am Juni direkt op Plaz 1 vun de Billboard Charts era geklommen an ass mat 414.000 verkaaften Exemplairen an der éischter Woch deen erfollegräichsten Debüt dëst Joer.

D’Jonas Brothers si bei den Teen Choice Awards nach a 5 anere Kategorien nominéiert- ënner anerem als Choice Music Group, an Choice Song. D’Präisverdeelung ass Sonndes den 11. August.

Virun den Jonas Brothers konnten den Justin Timberlake a Maroon 5 den Decade Award mat heem huelen.