D‘Foo Fighters brauche bei engem neie Projet d’Hëllef vun hire Fans.

D‘Band huet een neien Online-Projet mam Numm  „Foo Fighters Stories“ an d’Liewe geruff. Hei bidden d’Museker hire Fans d‘Méiglechkeet, hir Erënnerunge mat de Rocker ze deelen. Dozou zielt zum Beispill e Bild dat ee wärend engem Concert gemaach huet, een Erliefnis, dat sech op ee bestëmmte Foo Fighters-Song oder Album bezitt, oder einfach nëmmen e Message, deen een de Museker matdeele wëllt.

Op der

vun der Band kann ee seng Fotoen , Videoen, an aner Erënnerungsstécker eroplueden. Weider Detailer, wat et genee mat dësem Projet op sech huet, sinn net bekannt.