Säit 30 Joer sinn Die Fantastischen Vier erfollegräich ënnerwee. No hirer erfollegräicher Stadiontour dëst Joer komme si elo och an de Kino.

2019 feieren die Fantastischen Vier hiren 30-järege Bandjubiläum. Exklusiv fir dee Jubiläum ass de Documentaire „Wer 4 sind - Die Fantastischen Vier“ vum Thomas Schwendemann entstanen. Et ass domat och deen éischten Kinodocumentaire iwwert des erfollegräich däitsch Hip-Hop-Band. Dobäi werft de Regisseur ee Bléck hannert d‘ Kulissen vun 30 Joer gemeinsamer kreativer Aarbecht, 4 ënnerschiddlech Biografien, an natierlech och 30 Joer Popkultur.

Dobäi gëtt op Froe geäntwert, wéi: Wat ass d‘Geheimnis vun de Fantastischen Vier? Wat hunn si, wat anerer net hunn? Wéi hunn si et fäerdeg bruecht, zanter 30 Joer zesummen ze bleiwen? A wéi hunn si sech an der däitscher Popkultur an an der Hip-Hop-Szene vum Land duerchgesat an iwwert d‘Joeren entwéckelt?

Mëtt September soll de Film an den däitsche Kino kommen.