Zu Springfield war nees eng méi lass. An der aktueller Folge vun den „Simpsons“ ass den Homer als Freddie Mercury opgetrueden.

Bei de „Simpsons“ ginn et ëmmer nees Uspillungen op aktuell Evenementer an och vill Stars hate schonn Optrëtter am Universum vun der gieler Kult-Famill.

Och de Freddie Mercury hat elo post-mortem säi grousse Moment an der Serie. An enger Zeen gesäit een den Homer op der Bühn mam typesche Schnurri vum Queen-Sänger, a sengem legendäre wäissen Tank-Top.

Nogespillt gouf déi berühmt „Live Aid“ Show vu 1985. Dofir haten d’Simpsons-Maacher och d’Erlaabnis vun der Band krut.