De franséische Rapper sollt den 20. Mäerz an d'Rockhal kommen. Wéinst dem Coronavirus gouf deen Optrëtt awer verluecht.

Am Kader vu senger aktueller  ''DECENNIE Tour'' sollt de GIMS den 20. Mäerz an der Rockhal spillen.

Wéi d'

elo op hirem Internetsitte schreift, gouf dee Concert wéinst dem Coronavirus op de 4. Juni verluecht. Di responsabel Produktiounsfirma deelt mat, dass een net d'Gesondheet vun den Artisten, Techniker an dem Publikum wéilt riskéieren. Dofir hätt een zesumme mam Artist decidéiert, déi ganz "GIMS Decennie Tour" em e puer Wochen ze verréckelen. Den neien Datum an der Rockhal ass deemno de 4. Juni. D'Tickete bleiwe fir dësen neien Datum gülteg.

3 mars 2020 - Communiqué de Cheyenne productions :

"C’est un véritable crève-cœur mais notre sens de la responsabilité nous oblige à ne prendre aucun risque avec la santé de toutes celles et ceux qui font le succès de notre métier, artistes, publics et techniciens ... C’est pourquoi nous avons décidé avec l’étroite collaboration de l’artiste et de son management, pour que la fête soit belle, de reporter de quelques semaines, la magnifique tournée GIMS DECENNIE TOUR".

La date du concert à la Rockhal initialement prévue le 20 mars est reportée au 4 juin 2020.

LES BILLETS RESTENT VALABLES POUR CETTE NOUVELLE DATE.