Mat Queen huet elo déi 2. Band bannent kuerzer Zäit dofir gesuergt, dass en Twitter e Post vum US-President Donald Trump geläscht gouf.

Nodeems Nickelback virun e puer Wochen dofir gesuergt hat, dass en Tweet vum Trump geläscht gouf, sinn et elo d’Membere vun der Rockband Queen. De Grond: Den US-President hat e Video vun enge vu senge Riede gedeelt, dat ganzt mam Kult-Song „We Will Rock you“ ënnerluecht.

D’Rechter leie logescherweis bei Queen. Si hu schonn ugekënnegt och bei weideren Trump-Eventer keng Musek vun hinnen zouzeloossen.